Trouver un évènement

Agenda

Manifestations culturelles
En Haus wéi en Haus

CAPE
20/10/2019
17:00 - 18:00

D’KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat der Auteure Elise Schmit, Laureatin vum ‘Servais’ Literaturpräis 2019, de Partner vun Hydre Editions, der Ville d’Ettelbruck an dem Ettelbruck City Tourist Office lueden de Publikum op eng kulturell Rees zu Ettelbréck an.

« En Haus wéi en Haus »
Uert: Eidelt Mierschenhaus zu Ettelbreck

 

« Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëll dat net heeschen. »

« Et ass mäin Doheem. »

 

Dräi Gesëschter treffen sech nom Doud vun hirer Mamm, fir dat Haus ze verkafen, an deem si opgewuess sinn. Si hunn sech eng Zäit net gesinn, mee déi al Dynamik tëschent hinnen ass direkt nees präsent. Do ass deen, deen sech fir alles verantwortlech fillt, deem, deen esou mécht, wéi wann him alles egal wär, an deen, deen sech ëmmer schonn e wéineg zeréckgesat gefillt huet, well e méi jonk ass wéi déi aner. Des Dynamik spillt och do, wou et drëm geet, fir de Wäert vum Haus festzeleeën – am emotionale wéi am finanzielle Sënn. An all Raum vun deem delabréierten Haus begéinen déi Dräi Spure vun deem, wat dat Haus emol fir si bedeit huet. Si gi mat all Schrëtt duerch de Gank, d’Kichen, d’Stuff an d’Kummeren zeréckgehäit a Momenter vun hirer Kandheet a Jugend, déi si geprägt hunn. Si fannen awer och Spure vun engem méi rezente Gebrauch vum Haus, vun deem si nach näischt woussten.

„En Haus wéi en Haus“ beschäftegt sech mat Raum a szenischer Performance an engem verloossenen Eefamiljenhaus zu Ettelbréck. Eng Parallelwelt an där et drems geet weini däint mäint, a weini mäint mäint ass.

Wéi geet ee mat enger gedeelter Ierfschaft em? Wat bleift vun deem fréieren Zesummen- a Laanschteneeliewen, wann déi Plaz verschwënnt? Wat kascht d’Erënnerung? Wéini ass en Haus just en Haus – a wéini ass et een Doheem?

Text: Elise Schmit

Mam: Piera Jovic, Annette Schlechter a Clod Thommes

Regie: Tammy Reichling

Produktiounsleedung: Tessy Fritz

Datummer: Premiere: Samschdes 19. Oktober 2019 um 20:00

Dauer: ca. 50 Minutten

Treffpunkt: Virum CAPE, Place Marie-Adelaïde, 15 Minutten virun der Viirstellung

Präiss: all you can give

Reservatioun erfuerderlech um info@maskenada.lu oder T: 27489382 / limitéiert Plazen

 

Mat der Ennerstëtzung vun

Kulturministère, Fondation Indépendance, Œuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte, Coopérations, Ville d’Ettelbruck, Ettelbruck City Tourist Office an Hydre Editions.

Prochains évènements

Je discute avec ma ville

Remarques, compléments d'informations, suggestions...
Laissez nous un commentaire pour nous aider à améliorer une page ou le site.

Merci d'indiquer vos coordonnées (e-mail obligatoire) si vous souhaitez une réponse