Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch organiséiert d’Kommissioun fir d’Zesummeliewe vun Ettelbréck en Afterwork mat Stëmmung!
Kommt donneschdes de 24. September op Waarken an d’Brasserie Kaell a sangt mat eis zesumme Lëtzebuerger Klassiker. Ënnerstëtzt gëtt d’Kommissioun vun der Chorale Sainte-Cécile an der Lyra. Lass geet et um 17.00 Auer.
D’Equipe vun der Brasserie Kaell proposéiert deen Owend eng lëtzebuergesch Kaart. Vergiesst net ären Dësch am Virfeld ze reservéieren.