Tennis Schnupperdag

Dese Samschdeg ab 9h30 (bis 15h00) ka jiddereen Tennis ausprobéiere kommen um Site zu Ettelbréck (zone artisanale et commerciale, rue J-P Thill).
Kommt dëse flotte Sport entdecken a profitéiert vun de verschiddenen Animatioune fir ee flotten Dag mat der ganzer Famill ze verbréngen.
Am Fall vu schlechtem Wieder gëtt d’Evenement op Ierpeldéng an d’Tennis-Hal verluecht! Informéiert Iech iwwert den Internetsite oder op der Plaz den Dag selwer.

Marche IVV

Den 2. Oktober organiséieren d’Wanderfrënn Ettelbréck eng Marche populaire IVV zu Ettelbréck. Start an Zil si bei der Däichhal zu Ettelbréck.

Et geet iwwert 13 respektiv 18 Kilometer. Fir d’Familien mat Kanner gëtt de Yuppi Walk organiséiert. Zwëchend 8.00-13.00 Auer kritt ee seng Startkaart an der Däichhal.

Präis pro Startkaart: 1,50 €.

Fir eppes klenges géint den Honger an e gudde Patt nom Effort ass gesuergt.