Sonndes de 26. Mäerz hunn d’Geschäfter zu Ettelbréck vu 14.00 bis 18.00 Auer op. Kommt op Ettelbréck an entdeckt déi nei Fréijoers- a Summerkollektiounen.
Fréijoerssonndeg

Sonndes de 26. Mäerz hunn d’Geschäfter zu Ettelbréck vu 14.00 bis 18.00 Auer op. Kommt op Ettelbréck an entdeckt déi nei Fréijoers- a Summerkollektiounen.
Bis an de Mee ass et zwar nach e bessi, mee den 13. Mee sollt Dir iech näischt virhuelen. Den Ettelbruck City Tourist Office organiséiert de 13. Mee déi 4. Editioun vum Wiichtelfest. Kommt an den Zentrum vun Ettelbréck a erliewt d‘ Welt vun de Wiichtelen. Vill Animatioune fir Kleng a Grouss waarden op Iech!
Den Ouschterhues huet sech och rëm an Ettelbréck verstoppt an zesumme mam Ettelbruck City Tourist Office kënne Kleng a Jonk der Spuer u Rätselen nogoen. D‘ Sich nom Ouschterhues fënnt vum 3. bis de 14. Abrëll an der Ettelbrécker Foussgängerzon statt.
Hei kënnt Dir d’Detektivheft roflueden.
Méi Infos kritt Dir am Ettelbruck City Tourist Office.
***
Pourriez-vous m’aider à chercher le Lapin de Pâques ? Il a disparu, mais a sûrement laissé des traces à Ettelbruck. Il adore se cacher et créer des casse-têtes pour petits et grands détectives. La recherche se déroulera du 3 au 14 avril. Retirez votre carnet de détective à l’Ettelbruck City Tourist Office et lancez-vous à la recherche du Lapin de Pâques. Une version digitale du carnet sera également disponible sur visitettelbruck.lu. Dès que vous aurez découvert, le Lapin de Pâques, faites-vous photographier avec lui et amenez la photo à l’ECTO pour obtenir votre douce récompense.
Téléchargez le carnet du détective.
Plus d’informations auprès du Ettelbruck City Tourist Office.
E feste Rendez-vous ass och well den Ouschtersamschdeg zu Ettelbréck ginn. Hei organiséiert den Ettelbréck City Tourist Office den traditionelle Concours „Een Ee, wéi keen anert“, wou Samschdes de 8. Abrëll géint 16.00 Auer, déi grouss Präis-Verlousung ass. Bréng ab dem 6. Abrëll däin selwer gemoolten Ouschteree an den ECTO-Büro laanscht a probéier däin Gléck!
Den Ouschterhues huet sech och rëm an Ettelbréck verstoppt an zesumme mam Ettelbruck City Tourist Office kënne Kléng a Jonk der Spur u Rätselen nogoen. D‘ Sich nom Ouschterhues fënnt vum 3. bis de 14. Abrëll an der Ettelbrécker Foussgängerzon statt.
Tëscht dem 14. a 16. Abrëll kënnen d’ Kanner um Eeër-Molconcours “Een Ee wéi keen anert” deelhuelen. Sou kann all Kand doheem en Ee flott dekoréieren an am ECTO ofginn. Den Ouschterhues sicht op Ouschtersamschdeg um 16 Auer déi schéinsten Eeër aus a vergëtt flott Kaddoen un déi glécklech Gewënner.
Op en Neits huet den Ouschterhues sech gutt zu Ettelbréck verstoppt. Kommt vum 11. bis de 16. Abrëll mat op d’ Sich a léist d’ Rätsele fir den Ouschterhues ze fannen. Op fir Kleng oder Grouss, d’ Rätselen si fir jiddereen.
Kommt iech ären Detektivblock an den Ettelbruck City Tourist Office sichen a maacht iech op d’ Sich nom Ouschterhues. Eng digital Versioun vum Notizblock fannt dir ab dem 1. Abrëll 2022 op visitettelbruck.lu
Wann dir den Ouschterhues bis entdeckt hutt, maacht eng Foto mat him. Wann dir eis dann am ECTO d’ Foto weist, kritt dir eng séiss Iwwerraschung.