Als Ekoterroriste gi Mënsche bezeechent, déi illegal Mëttel benotzen, fir d’Natur ze schützen oder fir op d’Destruktioun vun der Ëmwelt opmierksam ze maachen. Filmer, déi Ekoterroristen als Personnagen hunn, verhandelen Theme wéi Responsabilitéit, Moral, sozial Ongerechtegkeet, Gewalt an d’Zukunft vun der Mënschheet. Se gehéieren och zu den nach rare Filmer, déi sech mat der Klima- an der Biodiversitéitskris auserneesetzen an no Weeër sichen, dës am Kino duerzestellen.

Prochains évènements