Agenda

Manifestations culturelles
D’Kabarettsgeschicht zu Lëtzebuerg zënter de 1970er Joeren – Claude D. Conter

CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
20/04/2020
19:00 http://www.cape.lu

Vente tickets

L’histoire du cabaret au Luxembourg depuis les années 1970
Claude D. Conter (Centre national de littérature), conférencier.

Organisé en collaboration avec l’Institut de langue et de littératures luxembourgeoises de l’Unité de Recherche IPSE de l’Université du Luxembourg, le Centre national de littérature, le Centre national de l’audiovisuel .

« Cabaret ass ëmmer kämpfereschen Engagement » (Mars Klein): D’Lëtzebuerger Cabaretsgeschicht säit den 1970er Joren
Claude D. Conter (Centre national de littérature), Referent.

Wann et ee literaresche Genre zu Lëtzebuerg gëtt, vun deem ee ka behaapten, datt en an d’Gesellschaft eragewierkt huet, dann ass et de Cabaret. Et ass déi kleng Bühn, déi zu Lëtzebuerg eng grouss Wierkung huet. Och wann d’Kabarettisten a Caféen oder klenge Gemengenhaiser a Kulturzentre spillen, esou erreechen si mat hiren Tournéeën duercht d’Land Honnerten, esouguer Dausende vu Leit.Dat Besonnescht um Cabaret ass, datt en sech géint d’Revue, de satiresche Joresréckbléck, riicht, deen ab 1957 vum Lëtzebuerger Theater gespillt gouf. Nodeem an der Theaterwelt den Opstand géint den Ugèn Heinen a seng Compagnie geprouft gouf, ass spéitstens an den 1970er Jore Beweegung an d’Cabaretswelt komm. Et si kleng Gruppen oder Eenzelprogrammer entstanen, déi sech ufanks den 1980er Joren zu der LKE, der Lëtzebuerger Kabaretts-Entente zesummegedoen hunn. De Cabaret erzielt eng komplex Geschicht vun der Literatur zu Lëtzebuerg; hie refletéiert d’Sproocheproblematik (Texter an dräi Sproochen, de Wee vun iwwersatenen Texter vun auslänneschen Auteure bis bei den Originaltext) an ass Ausdrock vun ënnerschiddlechen ästhetesche Positiounen (vun der politesch engagéierter iwwert déi didaktesch orientéiert bis bei eng populär-populistesch Literatur). De Cabaret kuckt op jidder Fall mat Ironie, Humor a Satir op déi gesellschaftlech a politesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg. Am Virtrag soll e kuerzen Iwwerbléck iwwert Gruppe wéi D’Bëschzeck, de Cabaret JB, Theater GmbH, D’Peffermill(ch)en, Cabarenert, Caberat Batter Séiss, Kabaret Sténkdéier, Makadammen oder Auteure wéi Mars Klein, Jhemp Schuster, Jay Schiltz, Roland Gelhausen, Michèle Turpel oder Josiane Kartheiser gi ginn.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.

Prochains évènements

Je discute avec ma ville

Remarques, compléments d'informations, suggestions...
Laissez nous un commentaire pour nous aider à améliorer une page ou le site.

Merci d'indiquer vos coordonnées (e-mail obligatoire) si vous souhaitez une réponse