Trouver un évènement

Agenda

Manifestations culturelles
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zënter den 1960er Joren. – Denis Scuto

CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
14/10/2019
19:00 http://www.cape.lu

Vente tickets

Un regard socio-historique sur le Luxembourg depuis les années 1960.

Denis Scuto (Université du Luxembourg), conférencier.

Les participants peuvent s’inscrire à l’année dans le cadre de la formation des adultes et peuvent ainsi obtenir un certificat de participation établi par le Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.

Organisé en collaboration avec l’Institut de langue et de littératures luxembourgeoises de l’Unité de Recherche IPSE de l’Université du Luxembourg, le Centre national de littérature, le Centre national de l’audiovisuel .

Denis Scuto (Université du Luxembourg), Referent.

Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstem zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D’Bevölkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal verduebelt an engem halwe Jorhonnert. Den Denis Scuto wäerft e Bléck op e puer vun den Transformatiounen vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an de leschte 50 Joer: den Iwwergank vum Auswanderungs- an Awanderungsland zur Immigratiounsgesellschaft; vun der traditioneller Famill zur Villfalt vun de Familiemodeller haut; d’Verännerungen an der Struktur vun der Arbecht, dem Verhältnis tëscht Arbecht a Fräizäit, mee och tëscht Fra a Beruff; d’Verännerungen och tëscht an innerhalb de soziale Milieuën, déi sech an de Jorhonnerte virdrun erausgebild haten: Bourgeoisie, Klengbiergertum, Baueren, Arbechter; d’Entwécklung vum Sozialstaat an senge verschiddenen Aspekter (Sozialversécherungen, Sozialdialog, Bildung, Wunningsbau, Stadplangung asw.); de Wandel vun der Astellung zu Wäerter, Relioun a Kierch am Kader vum spezifesch europäeschen Sekulariséierungsprozess.

Participante kënnen sech fir de ganzen Zyklus als Erwuessenebildung registréieren a soumat e Certificat vum nationalen Educatiounsministère (MEN) kréien. D’Aschreiwung gitt am Kader vun den éischten dräi Konferenze sur place gemaat.

Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft a Fuerscher vun der Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, dem Centre national de littérature an dem Centre national de l’audiovisuel.

Prochains évènements

Je discute avec ma ville

Remarques, compléments d'informations, suggestions...
Laissez nous un commentaire pour nous aider à améliorer une page ou le site.

Merci d'indiquer vos coordonnées (e-mail obligatoire) si vous souhaitez une réponse