Säit sengen Ufäng war de Kino ëmmer nees mat der Fro konfrontéiert, wéi sech Landschaften a Welten um Ecran duerstelle loossen, déi esou net oder net méi an der Realitéit existéieren – vu prehistoreschen, fantasteschen oder mythologesche Welte bis bei friem Planéiten an ausserierdesch Ekosystemer. An der Konferenz gi mir der Fro no, wéi de Kino dës erzieleresch Erausfuerderung gemeeschtert huet a wourun ee sech am Fantasy- a Science-Fiction-Kino inspiréiert huet.