Wien ass de staarke Wiichtel? Wat mécht en Orgarêve? Wéi eng Geschicht huet eis de Kurbel-Koffer ze zielen? Dëse Froe gi mer um Wiichtelfest de 14. Mee an der Foussgängerzone zu Ettelbréck no.

 

Eng sëllechen Animatioune fir Wiichtel vun 3 bis 10 Joer fannt dir op dësem Dag zu Ettelbréck a lueden an ze entdecken an sech verzauberen ze loossen.

Gitt mam Oniversum an dem Kurbelkoffer op eng Rees fir gewuer ze ginn, wat fir Wiichtel Gléck ass.

Bei der PInS asbl kënnt dir wëssenschaftlech Experimenter maachen: Mëscht är eege Léisung fir immens Seefeblosen ze maachen oder gitt gewuer wat Plastik mat der Natur mécht.

D’ Karrusell “l’Orgarêve et ses joyeux nuages” verzaubert iech an hëllt iech mat op eng fantastesch a musekalesch Rees. Bei “Fiets je schieldrij” pedaléieren d’ Wiichtel ëm d’ Wett oder si kreativ a mole während dem Pedaléieren e Konschtwierk.

 

A Kooperatioun mam Nordstad Turnveräin kënnen d’ Kanner sech beim “staarke Wiichtel” moossen an hir Fäegkeete weisen. No engem erfollegräichen Duerchlaf hu si sech hir Wiichtelmutz verdéngt. D’ Atelieren fannt dir duerch d’ Foussgängerzone verdeelt.

 

Kleng Wiichtel schéngen nieft dem Käfer net immens grouss. An der Foussgängerzone kënnt dir dem grousse Schleek Gongha oder dem Mëschtkäfer an enger wonner schéiner Libell begéinen.

 

D’Wiichtelfest ass fräi an och dëst Joer net un eng Umellung gebonnen.

Prochains évènements