Säit jeehier gi Küsten an oppe Gewässer an der Literatur an am Film als Plazen duergestallt, wou sech d’Grenzen tëschent der bekannter an der onbekannter Welt vermëschen, iwwernatierlech Kräften a Wiese wierken an d’Isolatioun d’Mënschen an de Wansinn dreift. Vum H. P. Lovecraft senge literaresche Wierker iwwer The Wicker Man (1973) a The Fog (1980), bis hin zu Dagon (2001) a The Lighthouse (2019) esouwéi sëllegen anere Filmer analyséiert dës Konferenz d’Representatioune vu Küstelandschaften a -stied am Kino.
King Kong (1933), Godzilla (1954), Frogs (1973), The Fly (1986), Alligator (1980), Arachnophobia (1990) – an der Kinosgeschicht huet déi monstréis Natur säit jeehier eng fest Plaz. Dacks fënnt si hiren Ausdrock iwwer schrecklech Déieren oder Kreaturen, déi entweeder vu sech aus géint d’Mënschheet rebelléieren oder d’Resultat dovu sinn, dass de Mënsch an d’Natur agegraff huet. Filmer, déi dem Genre vum „Animal Horror Cinema“ zougeschriwwe ginn, thematiséieren dës Hybris a reflektéieren
domat och eis Attitudë vis-à-vis vu Wëssenschaft a Gesellschaft, vun der Fragilitéit vum Ekosystem a vun der Ongewëssheet géigeniwwer den onkontrolléierbare Säite vun archaeschen Naturkräften.
Déierefilmer si wuel ee vun deene beléiftste Genren op der Televisioun. Och an de Kino komme reegelméisseg opwänneg Produktiounen, déi eis d’Natur
an d’Déiere weisen, „sou wéi nach kee se gesinn huet“. Mee wéi ass dee Genre entstanen, a wéi huet e sech entwéckelt? Wat léiert dee Genre eis iwwert d’Déieren, a wéi eng Déiere kréie mer doranner gewisen? Wat seet en eis iwwert eis eege Kultur an iwwert d’Welt, an där mir liewen? An ass iwwerhaapt alles richteg, wat mer an den Déierefilmer gesinn?