D’Verhältnis tëschent Mënsch an Natur am Film – Eng philosophesch Approche

De Mënsch gesäit sech oft als getrennt – oder detachéiert – vun der Natur un. Hien (oder hatt) hëlt sech wouer als isoléierten Organismus, deen an eng friem Welt placéiert gouf, an en Environnement, deen hie konfrontéieren a kontrolléiere muss – oft mat fatale Konsequenze fir déi natierlech Ëmwelt. An dëser Konferenz wäerte mir eis op eng philosophesch Aart a Weis mat der Relatioun tëschent dem Mënsch an der Natur befaassen, an analyséieren, ob de Mënsch an dës Welt komm ass, oder selwer aus hir entstanen ass.

Lost in nature- D’Konfrontatioun tëschent Zivilisatioun an Natur

Spéitstens zanter de 70er Joren an den éischten ekologesche Beweegungen interesséiert de Kino sech fir d’Relatioun tëschent dem Mënsch an der Natur. Filmer wéi Deliverance (1972), Cast Away (2000), Grizzly Man (2005) oder The Revenant (2015) stellen d’Fro vun der Konfrontatioun tëschent Natur an Zivilisatioun, andeem se hir Protagonisten an d’Wüst, respektiv an de Bësch oder op einsam Insele schécken a kucken, wéi se do eens ginn. Wéi gëtt d’Natur awer an deene Filmer duergestallt, a wéi de Mënsch? An enger Zäit, an där munnecher d‘Mënschheet ganz wëllt vun der Natur trennen, erënneren dës Filmer eis drun, wou mer hierkommen, a stellen am
Endeffekt d’Fro vun eisem Iwwerliewen.

Vu Liichtierm, Niwwel a maritimmem Folklor – Seaside & Coastal Horror Cincema

Säit jeehier gi Küsten an oppe Gewässer an der Literatur an am Film als Plazen duergestallt, wou sech d’Grenzen tëschent der bekannter an der onbekannter Welt vermëschen, iwwernatierlech Kräften a Wiese wierken an d’Isolatioun d’Mënschen an de Wansinn dreift. Vum H. P. Lovecraft senge literaresche Wierker iwwer The Wicker Man (1973) a The Fog (1980), bis hin zu Dagon (2001) a The Lighthouse (2019) esouwéi sëllegen anere Filmer analyséiert dës Konferenz d’Representatioune vu Küstelandschaften a -stied am Kino.

Dystopien an Hoffnungschimmer ? Ekosystemer am Film

1972 huet de Rapport The Limits to Growth vum Club of Rome e warnend Bild gezeechent vun der Mënschheet an hirem Afloss op déi natierlech Liewensraim. Säitdeem hunn och ekologesch Dystopien ëmmer méi oft hire Wee op de groussen Ecran fonnt. Meeschtens zeechnen dës filmesch Visiounen en éischter negatiivt Bild vun eiser Zukunft a wëllen hire Public ganz bewosst mat den desastréise Konsequenze vum mënschlechen Ëmgang mat der Natur konfrontéieren. An dëser Konferenz beschäftege
sech d’Referente mat de filmeschen Dystopië vun den 1970er Jore bis haut, an analyséieren, wéi de Kino eisen Ëmgang mat der Natur duergestallt huet, a wéi eng Suitten – a Léisungen – presentéiert gofen.

Animal Revenge Cinema – Déi monstréis Säit vun Natur an Déier

King Kong (1933), Godzilla (1954), Frogs (1973), The Fly (1986), Alligator (1980), Arachnophobia (1990) – an der Kinosgeschicht huet déi monstréis Natur säit jeehier eng fest Plaz. Dacks fënnt si hiren Ausdrock iwwer schrecklech Déieren oder Kreaturen, déi entweeder vu sech aus géint d’Mënschheet rebelléieren oder d’Resultat dovu sinn, dass de Mënsch an d’Natur agegraff huet. Filmer, déi dem Genre vum „Animal Horror Cinema“ zougeschriwwe ginn, thematiséieren dës Hybris a reflektéieren
domat och eis Attitudë vis-à-vis vu Wëssenschaft a Gesellschaft, vun der Fragilitéit vum Ekosystem a vun der Ongewëssheet géigeniwwer den onkontrolléierbare Säite vun archaeschen Naturkräften.

Survival of the fittest? Déierefilmer vun 1897 bis haut

Déierefilmer si wuel ee vun deene beléiftste Genren op der Televisioun. Och an de Kino komme reegelméisseg opwänneg Produktiounen, déi eis d’Natur
an d’Déiere weisen, „sou wéi nach kee se gesinn huet“. Mee wéi ass dee Genre entstanen, a wéi huet e sech entwéckelt? Wat léiert dee Genre eis iwwert d’Déieren, a wéi eng Déiere kréie mer doranner gewisen? Wat seet en eis iwwert eis eege Kultur an iwwert d’Welt, an där mir liewen? An ass iwwerhaapt alles richteg, wat mer an den Déierefilmer gesinn?