
De Mënsch gesäit sech oft als getrennt - oder detachéiert - vun der Natur un. Hien (oder hatt) hëlt sech wouer als isoléierten Organismus, deen an eng friem Welt placéiert gouf, an en Environnement, deen hie konfrontéieren a kontrolléiere muss - oft mat fatale Konsequenze fir déi natierlech Ëmwelt. An dëser Konferenz wäerte mir eis op eng philosophesch Aart a Weis mat der Relatioun tëschent dem Mënsch an der Natur befaassen, an analyséieren, ob de Mënsch an dës Welt komm ass, oder selwer aus hir entstanen ass.