Säit jeehier gi Küsten an oppe Gewässer an der Literatur an am Film als Plazen duergestallt, wou sech d’Grenzen tëschent der bekannter an der onbekannter Welt vermëschen, iwwernatierlech Kräften a Wiese wierken an d’Isolatioun d’Mënschen an de Wansinn dreift. Vum H. P. Lovecraft senge literaresche Wierker iwwer The Wicker Man (1973) a The Fog (1980), bis hin zu Dagon (2001) a The Lighthouse (2019) esouwéi sëllegen anere Filmer analyséiert dës Konferenz d’Representatioune vu Küstelandschaften a -stied am Kino.
20/01/2025
Vu Liichtierm, Niwwel a maritimmem Folklor - Seaside & Coastal Horror Cincema
19:00